AAL - Welcome
Moon Phase below
Tip: EN LU
Wa Fändelen uewen lenks am Eck sin kann een d'Sprooch wielen
  EN LU

Dacks gestallte Froen!


Wat muss ech maache fir Member ze gin?

An eng vun eise Versammlungen op Diddeléng kommen oder duerch Iwwerweise vu 15 Euro op d'Konten: CCPL: IBAN LU08 1111 0460 1133 0000 oder BILL: IBAN LU22 0026 1173 2160 0000. Et sin absolut KENG VIIRKENNTNISSER néideg!

Wat kréien ech als Member gebueden?

Kontakter an Diskussioune mat Gläichgesënnten, gemeinsam Beobachtunge mat Teleskopen, eng grouss Auswiel vun astronomesche Bicher, Zäitschrëften a Videoen aus der Club-Bibliothéik, no engem Joer am Club: Ausléine vun astronomeschem Material (Teleskop, Spektiv a.s.w.). D'Virtréi sinn op lëtzebuergesch!

Wat fir een Teleskop soll ech mer als Ufänger kafen?

Op dës Fro gëtt et keng Standardäntwert. Als gudde Kompromëss fir souwuel Planéiten wéi och Deep Sky (Niwwel, Galaxien)ze beobachten hun den 4-8 Zoll Spigelteleskop (Newton, SCG) oder och den 3-5 Zoll Lënsenteleskop (Refrakter) sech erwisen. Marke wéi Meade, Celestron a Vixen, an och déi e wéineg méi bëlleg, mee qualitativ equivalent Marken wéi Maksutov, Dörr oder Bresser entspriechen all Kriterie vun engem gudden Ufängerteleskop.

Wat kaascht esou een Teleskop?

D'Präiser variéieren tëscht 500 Euro (4"Spigel, 3" Refrakter) bis +5000 Euro fir ee 5 - 8 " Spigelteleskop. Et gët natiirlech vill méi bëlleg Teleskopen am Katalogversand oder an de net qualifizéierte Geschäfter, mä dovunner as ofzeroden, well d'optesch Qualitéit an d'Stabilitéit vun deenen Instrumenter sou schlecht as, dat d'Enttäuschung virprogramméiert as (verschwommen a wackelegt Bild). Léiwer spuere fir ee Markenartikel, sief et e gebrauchten, wéi se z.B. an eisem Forum heiando ugebuede gin.

Wou kann een hei zu Lëtzebuerg sou en Teleskop kaafen?

Eng Lëscht mat Adressen (och am noen Ausland) kann een hei downloaden oder op dëser Adress ufroen (géint Réckporto): Boite postale 1711 L-1017 Luxembourg

Wat kann ech mam Teleskop hei am Land gesinn?

Do spillen verschidde Faktoren eng Roll. D'Joereszäiten, de "seeing" (wann den Himmel klor as, heescht dat net onbedingt dat d'Loft och roueg as) a vrun allem wéi däischter et op der Beobachtungsplaz as. Hei am Land gët et ëmmer méi schwéier eng wiirklech däischter Plaz ze fannen, iwwerall komme Luuchte bäi, a meeschtens och nach souer, déi just no alle Säite blenden, wat kee Viirdeel fir d'Sëcherheet vun de Leit bréngt an de Bléck op de Stärenhimmel verspäert.( Wann et sou weider geet, da gesi mer an e puer Joer am ganze lëtzebuerger Land nach just de Mound an d'Planéiten a mat Chance 4-5 vun den hellste Stären um Nuetshimmel. De Webcoordinator) Duefir as et ganz wichteg, dat d'Astronomie eng méi grouss Roll am Schoulunterrecht kritt, an och der allgemeiner Öffentlechkeet méi zougänglech gemaach gët. Duerch een öffentlechen Observatoire an/oder ee Planetarium kënne mer de Leit rem d'Faszinatioun vum Stärenhimmel bewosst maachen. Den Teleskop spillt natiirlech och eng wichteg Roll. Am Prinzip gëlt dat hei: méi grouss Öffnung = méi Liicht fällt ran an d. h. konkret dat liichtschwaach Objeten wéi z.B. den Eilen-Niwwel an engem Teleskop vun - 6 Zoll schwéier bis guer net z'erkenne sin, allerdings verstärkt ee mat enger grousser Öffnung selbstverständlech och d'Liichtverschmotzung mat, duefir as eng däischter Beobachtungsplaz grad esou wichteg fir deep sky wéi e liichtstaarken Teleskop. Am Kloertext: och mat engem 18 Zoll Dobson gesäit een den Eulenniwwel net matzen an enger Staadt oder enger Uertschaft mat ville Luuchten.

Viirwat soll ech mer dann iwwerhaapt nach en Teleskop kaafen?