AAL Resultater fir den ESO Beobachtungsprogramm:

results

Reportagen a Biller an eisem Forum (Sightings) an an der Gallery bei Transits

Divx video vum AAL Observatiounssite vun eisem Member Georges Kessler.

E spezielle Merci un all Bedeelegt!

1) E seelene Phänomen

D'Venus schreift ouni Zweifel Geschicht wa se den 8. Juni vrun der Sonnescheif laanschtzitt.
E Venustransit as esou seelen, dat de läschte Passage schon op 1882 zréckgeet. Wéi aus de Chroniken ervirgeet verdanke mer déi éischt Virausso vun dësem rare Phänomen dem Kepler am Joer 1631. Déi éischt Observeratioune sinn awer eréischt vum Horrocks a vum Crabtree während dem Transit vum 4.Dezember 1639 zu Hoole an England gemaach ginn.

Während den nächste Joerhonnerte si regelméisseg Expeditiounen zu den entléenste Géigenden an der Welt ënnerholl gi fir déi sougennant astronomesch Unitéit, d.h. d'Distanz tëscht der Äerd an der Sonn, festzeléen. Special Topic

Duerch staark Radarimpulsen déi op d'Venus geschéckt ginn, woubäi dann déi genee Zäit gemooss gëtt bis se rem op d'Äerd zréckreflektéiert ginn, konnt déi astronomesch Unitéit festgeluegt ginn op 149.597.870 Kms.
Den Transit vum 6.Dezember 1882 war den éischten an der Geschicht bei deem et engem groussem Deel vun der Bevölkerung méiglech war drunn deelzehuelen, sief et op indirektem Wee iwwer d'Press oder duerch selbstänneg Observatioun.
Den Transit vun dësem Joer ka vu China bis Westeuropa observéiert ginn, deemno as e groussen Deel vun der Weltbevölkerung agebonn.

Den nächste Venustransit as de 6. Juni 2012. En as awer net vu Lëtzebuerg aus ze beobachten. Duerno gëtt et keng méi bis 2117!

2) Wichteg Sëcherheetsmatdeelung

Bei enger Sonnebeobachtung oder engem Transit gëtt et keng Kompromisser bei de Sëcherheetsmoossnahmen!

a) Visuell Beobachtung: Ausschliesslech mat speziellen Eklipsbrëller (net déi vun der Eklips 1999 benotze well d'Protectioun net méi 100%as)
b) Teleskopen a Spektiven: Auschliesslech mat spezieller Schutzfolie (Transmissioun 1/100.000) op de FRONTOPTIKEN, also virdrop!
c) Spezial Instrumenter wéi de "SOLAR SCOPE" benotzen
d) Spezial Sonnenteleskope mat H-Alpha Filteren benotzen

3) De Beobachtungsprogramm vun den Amateurs Astronomes du Luxembourg (AAL) an Zesummenarbecht mam Naturmusée

Mir maache mat beim ESO VT 2004 Network!

Eise Club riicht een öffentlechen Transit Observatoire op: den 8. Juni 2004, vun 06:30 un, niewt der Donatus Kapell tëscht Beidweiler an Eschweiler.
Ënnert de verschiddenen Instrumenter si Sofibrëller a speziell protégéiert Spektiven an Teleskopen.

De Public an d'Medien sinn invitéiert fir mat eis un dësem eemolegen Evenement deelzehuelen. Et si keng speziell Kenntnisser erfuerdert.

Haaptbestanddeel vun eise Beobachtungen as d'Bestëmme vun: 1. Kontakt, 2. Kontakt mam sougenannte mystériéisen "Schwaarz Drëpseffet", 3. Kontakt a schliesslech dem 4. Kontakt.

Déi genee Transit Daten (Zentral Europa Summerzäiten)

1. Kontat ( Ufank ) : 07:19 53 s Sonnenhéicht 15.5 degrees
2. Kontakt (Planéit ganz virun der Sonnescheiw) : 07:39 39 s Sonnenhéicht 18.6 degrees
Transit Maximum: 10:22 38 s Sonnenhéicht 44.6.degrees
3. Kontakt (Planéit touchéiert de Sonnerand): 13:03 58 s Sonnenhéicht 63 degrees
4. Kontakt ( Enn vum Transit): 13:23 58 s Sonnenhéicht 63.6.degrees

4) Wiederprévisiounen

Laut de Statitisken geet den Transitdatum enger Schlechtwiederperiod viräus. Et besteet eng réell Chance dat mer dësen historeschen Evenement wéinstens partiell beobachte kënnen.

Venus Transit Links:

ESO'S VT 2004 Site

Musée national d'histoire naturelle, VT-2004 Node for Luxembourg

VT-2004 Network Members for Luxembourg

Naturschoul Lasauvage Luxbg.

Site de Schifflange Luxbg.

NASA'S VT Site

astro!info VT Site

German Site with many Links and Information

Site in french language

Passage de Vénus devant le SoleiI IMCCE

Transit Information in english

Venus 2004 website in french, english and portuguese

Transits of Venus - The Quest for the Solar Parallax

Transits of Venus and Mercury -1000 to + 4000

Welkom op dé Vlaamse website over de venusovergang van 8 juni

De Nederlandse transit website

Webcasts:

ESO's VT Webcast

Klipsi's VT Webcast

Lycée Technique des Arts et Métiers (LU)

Lycée Technique Josy Barthel (LU)

Live Coverage from Exploratorium Edu

DER TRANSIT LIVE IM WEB - lots of Links to Livecasts

Venus transit observed by TRACE (Transition Region and Coronal Explorer)

Post-Transit:

Lycée Technique des Arts et Métiers Report

Lycée Technique Josy Barthel Mamer Report

Naturschoul Lasauvage Luxbg. Fotoe vum Venus-Transit

Venus transit on 8 June 2004 observed by the Transition Region and Coronal Explorer (TRACE)

Images from the Swedish 1-m Solar Telescope (SST)

Webcast Images and Movies from Oslo

SOHO movie (2.4MB)

The 2004 Transit of Venus Spaceweather Gallery

Atmosphere of Venus Image

LINKS ZU BERICHTEN UND FOTOS

ESO Video Clips and Animations

Venus Transit 2004: A Tremendous Success