AAL - Welcome
Moon Phase below
Tip: EN LU
Wa Fändelen uewen lenks am Eck sin kann een d'Sprooch wielen

Special Topic

ARTICLE: Total Solar Eclipse 2006
by Nicolas Feierstein

ENG REES AN d' DÄISCHTERT !!!

E kuurze Reesbericht iwwert en Trip an d' Türkei op d' Sonnendäischtert vum 29. März 2006

De 27. März wor et esou wäit. D' Jeanny, d'Karin, de Jean-Marie, den André, de Roby an den Nic sinn zou Saarbrécken an de Fliger no ANTALIA geklommen. Mir, sechs engagéiert Amateurastronomen, hunn ënnerlëch geziddert an der Erwardung op dat, wat mer géife gesinn oder och vläicht net gesinn. Mir sinn aus der Keelt an dem Reen an d' Wärmt an an d' Sonn geflunn, dohin, wou grad d' Orange gepléckt goufen.

Den éischte Kontakt mat Stären hate mer am 5-Stären-Hotel. Schon an der Réceptioun kruut all Gaascht e Sonnebrëll an op Plakaten ass op d' Sonnendäischtert opmierksam gemeet ginn.

Fir all Timbrophile ënner den Amateurastronomen:

(Bild Timber ) den türkeschen Timber vun der Sonnendäischtert 2006

 Ons Zëmmeren hate Bléck op d' Mier a Richtung Süden , eng gudd Viraussetzung fir déi kommend Beobachtung.

Den 28. März war den Dag vun de Virbereedungen. Op alle fräie Plaazen hu mer Teleskopen, Fotoapparaten, Computer gesinn. Et gouf probéiert, nei justéiert an op en Neis probéiert. All Risiko sollt minimiséiert ginn. Professeren a Studenten aus Polen woren zou enger ganzer Hickecht mat vill Apparaten ugereest, fir den EVENT wëssenschaftlech ënner d' Lup ze huelen.

Et huet sech hanneno erausgestallt, dass eng extrem gutt Preparatioun den A an den O sinn, fir eng Sonnendäischtert propper op e Film ze kréien.Vill vun deenen, déi vu wäit ugereest waren, hunn dat leider ze spéit erkannt. Dorënner och e puer vun onsem Grupp.Glécklecherweis hate mir ons zwee Superexpert'en André a Roby derbäi, déi wonnerbar Filme gedréit a Fotoen opgeholl hunn.

D' Sonnendäischtert selwer huet sech den 29. März virun engem wonnerbar bloën Himmel ofgespillt an d' Begeeschterung bei de Nokucker huet keng Grenze kannt, wéi een un de Kreesch, déi iwwer d' ganz Küstesträif ze héiere waren, konnt feststellen.

D' Hoteldirektioun huet no der totaler Däischtert op en Appéro agelueden, vun deem all déi, déi de gesamte Viirgang wollte filmësch festhalen ( ca. 3 Stonnen ), natiirlech näischt matkruten.

Déi Deeg no dem Spektakel sinn ausgenotzt gin, fir d'Géigend z’exploréieren.Hei leien onermiesslech Kulturgidder ronderem am Sand. Iwwerall get et Iwwerreschter vun Tempelen, Arenen an anere Kultplaazen vun de Griechen oder de Réimer. Dat eleng ass schon derwärt, dohin ze fueren.

D' Iesse war super gutt an huet natierlech zum Iwwermooss verfouërt.

Alles an allem war dës Rees hir Soue wert an mir wënsche Jiddfërengem, deen interresséiert ass, dass en eng Kéier esou eng Sonnendäischtert erliewe kann.

Jeanny JUNGBLUTH             AAL , Astroclub Veymerange

Karine DEMANGE                 AAL , Astroclub Veymerange

Jean-Marie WIECZOREK      Astroclub Veymerange

André VIDIC                          Astroclub Veymerange

Roby KIEFFER                      AAL , Astroclub Veymerange

Nicolas FEIERSTEIN AAL , Astroclub Veymerange




About the Author - Nicolas Feierstein
Language may vary from the one used in the article.
Den Nicolas Feierstein, Ingenieur a pensionéierte Professer, as säit der Grëndung 1971 Member bei den AAL a säit 1995 President.





SPECIAL TOPICS HISTORY
Period Subject
Author
Language
Available
Formats

June 2023 h-alpha Solar pictures using minimal means
error
EN ...   pdf
PDF=7442.8kB
October 2021 Starting out with Astrophotography
EN ...   pdf
PDF=7709.4kB
May 2008 De Summerstärenhimmel
LU ...   pdf
PDF=2005.7kB
September 2006 Ein aussergewöhnlicher Abend mit John Dobson in Saarlouis
DE html
April 2006 Total Solar Eclipse 2006
LU html
May 2004 Venus Transit 2004
EN html
April/May 2002 Die Roche’sche Grenze
DE html
Apr/May 2001 Das Foucault'sche Pendelexperiment
DE html
Feb/Mar 2001 The Hertzsprung-Russell Diagram
EN html   pdf
PDF=827.2kB
Jan 2001 Die Jagd nach Exo-Planeten
EN ...   pdf
PDF=544.4kB
Sep/Oct 2000 Entdecker des Sonnensystems
EN html
Jun/Jul 2000 Comet Linear Special
EN html
Apr/May 2000 The Adventurous Search For The Astronomical Unit
EN html
Mar 2000 Why the moon always shows us the same face
EN html
Get Acrobat Reader! Download PDF
Tuesday, 19 Mar 2024
Internet Time: @304
AAL Logo
Printer printer friendly
SOME LINKS

+ Observatorium für Sternspektroskopie Völklingen - Informative Webseite über astronomische optische Spektroskopie
+ Space weather servers: forecast links
+ Association of Lunar & Planetary Observers
+ Clementine Moon Photos
+ Astronomy Picture of the Day Archive
+ Lunar Exploration Timeline
+ Saturn Introduction
+ Astrobiology Website
+ Your Sky
+ Sheffield Astronomical Society

  -->  more links...

WEATHER

The AAL is not responsible for the content of external internet sites!
Another Forum
...................
Back to top
Counter
©2001-2024 Astronomes Amateurs du Luxembourg, asbl.
Layout & Programming by: J.M. Roth |  Coordination & Astronomical Content by: J. Steinberg